D'Administratioun

D'Prisongsverwaltung ass dem Justizministère ënnerstallt.

D'Aufgaben an d'Organisatioun vun der Prisongsverwaltung sinn am Kadergesetz vum 20. Juli 2018 festgeluecht (cf. Koordinéierten Text vum 31. Mäerz 2015, S. 93).

Aufgaben

D'Aufgab vun der Prisongsverwaltung ass d'Leedung vun de Gebaier, déi fir d'Exekutioun vu Fräiheetsstrofen bestëmmt sinn. Et läit an der Verantwortung vun der Prisongsverwaltung, dofir ze suergen, datt déi gesetzlech ordonnéiert Strofen a Moossnamen ausgefouert ginn.

Organigramm

D'Prisongsverwaltung besteet aus:

  • der Direktioun;
  • dem Centre pénitentiaire de Luxembourg (Prisong zu Schraasseg), dee sech aus engem Departement fir Männer an engem Departement fir Fraen zesummesetzt;
  • dem Centre pénitentiaire de Givenich (Prisong zu Giwenech), dee sech aus engem Departement fir Männer an engem Departement fir Fraen zesummesetzt;
  • dem Centre pénitentiaire d'Uerschterhaff (zukünftegen Prisong um Uerschterhaff), dee viraussiichtlech am Joer 2022 operationell ass;
  • dem Institut de formation pénitentiaire (Ausbildungsinstitut).
©Administration pénitentiaire Organigramm vun der Prisongsverwaltung
Organigramm vun der Prisongsverwaltung
Aktualiséiert